Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Événements

Spill a Kaffi Mëtteg am SNJ Atelier zu Diddeleng

September 16, 2026

Den SNJ Atelier zu Diddeleng bitt zanter Kuerzem eng nei Aktivitéit un: All leschte Freideg vum Mount si Jonker häerzlech op e gemittleche Mëtteg, vun 13:00 bis 15:00 Auer, invitéiert.

An enger entspaanter Atmosphär kann een zesumme Gesellschaftsspiller spillen, e gudde Kaffi an e Stéck Kuch genéissen, nei Leit kenneléieren oder einfach eng flott Zäit zesumme verbréngen. D’Aktivitéit ass gratis an et ass keng Umeldung néideg.

 

Déi nächst Datumer fir dëst Joer sinn:

  • 25. September, vun 13:00 bis 15:00 Auer
  • 30. Oktober, vun 13:00 bis 15:00 Auer
  • 27. November, vun 13:00 bis 15:00 Auer

 

Loscht matzemaachen? Da komm einfach laanscht beim SNJ Atelier zu Diddeleng, 14, rue de la Libération, L-3510 Diddeleng.

Bleift um Lafenden iwwert déi 4 SNJ Atelieren op Instagram!

Deelen