Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Événements

Grujeleg gutt Stëmmung bei der Halloween-Editioun vum Spill- a Kaffismëtteg

Oktober 30, 2026

Den 30. Oktober gouf et am Atelier vum SNJ Diddeleng richteg grujeleg – awer op déi flott Manéier! Bei der Halloween-Editioun vum Spill- a Kaffismëtteg koume vill Jonker zesummen, déi sech extra fir d’Geleeënheet verkleet haten.

Mat selwergemaachte Leckereien, flotte Spiller an esouguer engem Ouija-Board war fir déi richteg Halloween-Stëmmung gesuergt. Nieft dem Spaass an der gudder Gesellschaft stoung virun allem d’Zesummekommen am Mëttelpunkt.

Och d’Klass D>CL!Q vum Lycée Nic-Biever war mat dobäi. D>CL!Q ass e Projet fir pedagogesch Innovatioun, deen de Jonken nei Perspektiven opmécht, si individuell an am Grupp begleet a si dobäi ënnerstëtzt, hir Stäerkten z’entdecken an z’entwéckelen.

Besonnesch flott: D’Schüler*innen hu net nëmmen um Projet deelgeholl, mee och selwer beim Numm matgewierkt an hir kreativ Iddien agebruecht.

Kuck eise flotte Video op eisem Instagram un!

 

Du wëlls och dobäi sinn?

De Spill- a Kaffismëtteg am Atelier vum SNJ Diddeleng bitt Jonken all Mount d’Geleeënheet, sech an enger entspaanter Atmosphär ze treffen, zesummen ze spillen an nei Leit kennenzeléieren.

  • Wéini? All leschte Freideg am Mount
  • Auerzäit? Vun 13:00 bis 15:00 Auer
  • Wou? Am Atelier vum SNJ Diddeleng

Mir freeën eis op dech!

Deelen