Événements
Jugendengagement am Fokus vun der 40. Studentefoire
Oktober 30, 2026
En Donneschdeg, den 29., an e Freideg, den 30. Oktober 2026, war de Service volontaire op der 40. Editioun vun der Studentefoire an der Coque um Kierchbierg dobäi. D’Foire gouf vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul an enker Zesummenaarbecht mat der ACEL (Association des cercles d’étudiants luxembourgeois) organiséiert.
Mat iwwer 180 Aussteller aus 17 Länner huet dës Editioun eng villfälteg Offer an de Beräicher Studium zu Lëtzebuerg, am Ausland, Jugendengagement an Aarbechtswelt presentéiert.
Well d’Jugendengagement dëst Joer méi staark am Fokus stoung, kruten d’Visiteuren och d’Geleeënheet, méi iwwer déi verschidde Méiglechkeete vum Service volontaire gewuer ze ginn. Déi Jonk konnten sech individuell berode loossen, déi verschidde Missioune kenneléieren, sech iwwer d’Participatiounsbedéngungen informéieren an Äntwerten op hir Froen kréien, fir hiren eegene Volontariatsprojet ze konkretiséieren. Gläichzäiteg waren och déi aner Offere vum SNJ vertrueden, dorënner den Animateur spécialisé an Eurodesk, déi weider Méiglechkeete vum Engagement an der internationaler Mobilitéit virgestallt hunn.
Du wëlls dech engagéieren an eng nei Erfarung maachen? Mell dech elo fir eng Info Session un!