Hey !

Den Atelier zu Luxembourg

Am Atelier an der Stad gëtt vill mat Holz geschafft. Gréisser Miwwelen gi renovéiert an ausgebessert oder kleng Käerzestänner oder Vasen aus Holzreschter hiergestallt.

Hei kanns du awer och mat Nol, Fuedem a Bitzmaschinn verschidde Bitztechnike kenneléieren an aus gebrauchte Stoffer Kleeder, Poschen, Petzi’en oder soss Objeten zesumme schneideren.

27b, boulevard Grande-Duchesse Charlotte
L-1331 Lëtzebuerg

Kontaktéier eis

Den Atelier zu Esch/Alzette

Den Escher Atelier steet ganz am Zeechen vun de Faarwen an dem Drock. Hei kanns du dech unhand vu Serigrafie, Linogravure a co. kënschtleresch voll a ganz ausliewen an deng Designs op déi verschiddenst Materialien drécken.

51, rue d’Audun
L-4018 Esch/Uelzecht

Kontaktéier eis

Den Atelier zu Colmar-Berg

Zu Colmer-Bierg hues du d Méiglechkeet an enger professioneller Kichen déi verschiddenst Platen a Liewensmëttel ze entdecken an dës fir eng gréisser Grupp ze kachen. Dobäi léiers du wéi een ee Akafsbudget opstellt a op wéi eng Hygiens- a Sécherheetsmoossnamen ee beim Kache oppassen muss.

Wéi am Atelier an der Stad kanns du och zu Colmer-Berg mat Hëllef vu Bitzmaschinnen denger Kreativitéit fräie Laf loossen.

12a, Cité Morisacker
L-7735 Colmar-Berg

Kontaktéier eis

Du bass intresséiert oder hues Froen heizou?