Événements
Sechs Deeg duerch Europa mam DiscoverEU Inclusion Action!
November 6, 2026
Sechs Deeg, fënnef Stied a vill nei Andréck! Fënnef Jugendlecher hu sech, begleet vun zwee SNJ-Agenten, op eng Rees duerch Europa gemaach. Zu Tréier ass d’Aventure lassgaangen, duerno goung et iwwer Stuttgart, Budapest a Bratislava bis op Wien a schliisslech op München. Méiglech gemaach gouf dës Rees duerch den DiscoverEU Inclusion Action.
Dobäi hunn déi Jonk net einfach nëmmen hir Koffer gepak a si matgereest: Si hunn och selwer aktiv bei der Planung vun der Rees matgewierkt. Vun der Gestaltung vum Itinéraire iwwer d’Aktivitéiten op der Plaz bis hin zu den Iwwernuechtungen konnten si hir Iddien a Wënsch abréngen an d’Rees matgestalten. Esou gouf d’Aventure zu enger gemeinsamer Erfarung, bei där si net nëmmen Europa entdeckt, mee och nei Kompetenze gesammelt hunn.
Wat ass den DiscoverEU Inclusion Action?
Wärend DiscoverEU Jonken am Alter vun 18 Joer dës Méiglechkeet bitt, kënnen um DiscoverEU Inclusion Action Jonker tëscht 18 an 21 Joer deelhuelen. an am Grupp ze entdecken.
Den DiscoverEU Inclusion Action riicht sech speziell u Jonker tëscht 18 an 21 Joer, déi manner Chancen hunn, fir hinnen esou eng Reeserfarung op gläichem Fouss mat anere Jonken ze erméiglechen. De Programm ënnerstëtzt Organisatiounen a Gruppe vu Jonken dobäi, esou Reesen ze organiséieren an duerchzeféieren, haaptsächlech mam Zuch.
Déi Jonk sinn dobäi net nëmme mat ënnerwee, mee sollen esou vill wéi méiglech an all Etapp vum Projet agebonne ginn: vun der Planung an der Virbereedung iwwer d’Rees selwer bis hin zum Réckbléck op dat Erlieft.
Du bass och interesséiert?
Du wëlls Europa entdecken an eng nei Erfarung sammelen? Da informéier dech iwwer den DiscoverEU/ DiscoverEU Inclusion Action a fann eraus, ob s du matmaache kanns!
Méi Informatiounen op Eurodesk.lu an och op Erasmus Plus.