Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Future Boost – Prett fir an d’aktiivt Liewen: Sozial Kompetenzen & Kommunikatioun

Future Boost – Prett fir an d’aktiivt Liewen: Sozial Kompetenzen & Kommunikatioun

Print
Future Boost – Prett fir an d’aktiivt Liewen: Sozial Kompetenzen & Kommunikatioun

Beschreiwung vum Event

Kommunikatioun ass méi wéi just Wierder – si beaflosst, wéi mir op anerer wierken a wéi mir selwer wouergeholl ginn. Mee wat mécht gutt Kommunikatioun aus? Wéi kanns du Mëssverständnisser vermeiden a dech selbstbewosst ausdrécken? An dësem Workshop kriss du praktesch Ablécker an d’Grondlage vun der Kommunikatioun an nëtzlech Tools fir den Alldag an d’Beruffsliewen.

Inhalter vum Workshop:

Grondlage vun der Kommunikatioun: Wéi spillen Sprooch, Kierpersprooch a Stëmm zesummen?
Selbst- & Fremdwahrnehmung: Wéi gesäis du dech selwer – a wéi gesinn anerer dech?
Aktivt Nolauschteren & Mëssverständnisser vermeiden: Wourops solls du oppassen, fir kloer a verständlech ze kommunizéieren?

📌 Praxisübungen & interaktiv Elementer
✔ Reflexiounsübungen
✔ Teamfäegkeet & Konfliktléisung: Wéi klappt gutt Zesummenaarbecht?
✔ Feedback ginn & unhuelen: Wéi kommunizéiert een op eng konstruktiv Manéier?
✔ Small Talk & Networking: Wéi baust du berufflech Kontakter op?

Dëse Workshop gëtt dir praktesch Tipps, fir deng sozial Kompetenzen geziilt ze verbesseren. Komm einfach laanscht a maach mat – Kommunikatioun léiert ee mat der Praxis!

 

Wichteg Informatioun: Wiel am Umeldungsformulaire eng Zäit aus déi dir am beschten passt. Den Workshop dauert pro Grupp maximal 2 Stonnen. Den definitiven Horaire gëtt dir per Email konfirméiert.

 

Bei Froen kanns du dech gären beim Jugendhaus Remeleng mellen – jugendhaus.remeleng@youth.lu

Datum an Zäit

15.05.2025 - 15.05.2025
14:00 - 20:00

Standuert

Jugendhaus Rëmeleng
7, rue des artisans
L-3712 Rumelange