D’Zil vum Dag? Dir all d’Infoen an d’Hand ze ginn, fir deng Zukunft gutt virzebereeden an déi richteg Entscheedungen ze treffen!
Op der Plaz kanns du:
- Betriber, Patronen a Servicer kenneléieren, déi dech op dengem Wee begleeden
- Beruffer an Ausbildungen entdecken
- U prakteschen Atelieren deelhuelen (CV, Virstellungsgespréich, asw.)
- Offere fir Studentenjobs, Léierplazen, Stagen oder Aarbechtsplaze fannen
Deng Zukunft – Däi Wee ass d‘Geleeënheet fir dech mat Fachleit auszetauschen a wäertvoll Kontakter ze knäppen, déi dir nei Perspektiven opmaache kënnen. Egal ob s du no engem éischte Job, enger Léierplaz oder Infoe sichs – dësen Dag ass fir dech!