Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
  • Agenda
  • Spill a Kaffi Mëtteg

Spill a Kaffi Mëtteg

Print
Image Spill a Kaffi Mëtteg

Beschreiwung vum Event

Den Atelier vum SNJ Diddeleng bitt zanter Kuerzem eng nei Aktivitéit un: All leschte Freideg vum Mount si Jonker häerzlech op e gemittleche Mëtteg, vun 13:00 bis 15:00 Auer, invitéiert.

An enger entspaanter Atmosphär kanns du zesumme mat anere Gesellschaftsspiller spillen, e gudde Kaffi an e Stéck Kuch genéissen, nei Leit kenneléieren oder einfach eng flott Zäit verbréngen – an dat am Atelier vum SNJ zu Diddeleng. Gratis Entrée an och ouni Umeldung!

Bleif um Lafenden iwwert déi 4 Atelieren vum SNJ op Instagram!

Zilgrupp

Fir jiddereen, deen dobäi wëll sinn!

Datum an Zäit

30.10.2026 - 30.10.2026
13:00 - 15:00

Standuert

Atelier vum SNJ Diddeleng
14, rue de la Libération
L-3510 Dudelange

Aner Eventer déi dech interesséiere kéinten