Wëlls du an d’Ausland, mee weess net, wou s du ufänke solls? Studien, Fräiwëllegendéngscht, Stagen, Austauschprogrammer, Aarbecht oder e Gap Year: Entdeck all d’Méiglechkeeten, fir eng international Erfarung ze maachen, op der Foire „Eraus an d’Welt – International Experience Fair“.
Organiséiert vum Eurodesk, bréngt dës nei Foire Organisatiounen an Acteuren op enger Plaz zesummen, déi dech iwwer deng Méiglechkeeten informéieren an dech bei denger internationaler Erfahrung begleede kënnen.
Och de Service volontaire ass als Exposant mat dobäi! Komm laanscht a informéier dech iwwer de Service volontaire européen (SVE) an de Service volontaire de coopération (SVC). Stell deng Froen a schwätz direkt mat eisem Team iwwer déi verschidde Méiglechkeete fir e Fräiwëllegendéngscht am Ausland ze maachen.
Mir gesinn eis den 10. Oktober am Shopping Center Cloche d’Or, vun 10:00 bis 18:00 Auer. Den Entrée ass gratis!