Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
  • Agenda
  • De Service volontaire waart op dech op der „Eraus an d’Welt“ Foire!

De Service volontaire waart op dech op der „Eraus an d’Welt“ Foire!

Print
Image De Service volontaire waart op dech op der „Eraus an d’Welt“ Foire!

Beschreiwung vum Event

Wëlls du an d’Ausland, mee weess net, wou s du ufänke solls? Studien, Fräiwëllegendéngscht, Stagen, Austauschprogrammer, Aarbecht oder e Gap Year: Entdeck all d’Méiglechkeeten, fir eng international Erfarung ze maachen, op der Foire „Eraus an d’Welt – International Experience Fair“.

Organiséiert vum Eurodesk, bréngt dës nei Foire Organisatiounen an Acteuren op enger Plaz zesummen, déi dech iwwer deng Méiglechkeeten informéieren an dech bei denger internationaler Erfahrung begleede kënnen.

Och de Service volontaire ass als Exposant mat dobäi! Komm laanscht a informéier dech iwwer de Service volontaire européen (SVE) an de Service volontaire de coopération (SVC). Stell deng Froen a schwätz direkt mat eisem Team iwwer déi verschidde Méiglechkeete fir e Fräiwëllegendéngscht am Ausland ze maachen.

Mir gesinn eis den 10. Oktober am Shopping Center Cloche d’Or, vun 10:00 bis 18:00 Auer. Den Entrée ass gratis!

Zilgrupp

Fir all Jonker tëscht 16 a 30 Joer

Datum an Zäit

10.10.2026 - 10.10.2026
10:00 - 18:00

Standuert

Shopping Center Cloche d’Or
25, Boulevard F.W. Raiffeisen
L-2411 Luxembourg

Aner Eventer déi dech interesséiere kéinten