Événements
Spill a Kaffi Mëtteg am SNJ Atelier zu Diddeleng
September 16, 2026
Den SNJ Atelier zu Diddeleng bitt zanter Kuerzem eng nei Aktivitéit un: All leschte Freideg vum Mount si Jonker häerzlech op e gemittleche Mëtteg, vun 13:00 bis 15:00 Auer, invitéiert.
An enger entspaanter Atmosphär kann een zesumme Gesellschaftsspiller spillen, e gudde Kaffi an e Stéck Kuch genéissen, nei Leit kenneléieren oder einfach eng flott Zäit zesumme verbréngen. D’Aktivitéit ass gratis an et ass keng Umeldung néideg.
Déi nächst Datumer fir dëst Joer sinn:
- 25. September, vun 13:00 bis 15:00 Auer
- 30. Oktober, vun 13:00 bis 15:00 Auer
- 27. November, vun 13:00 bis 15:00 Auer
Loscht matzemaachen? Da komm einfach laanscht beim SNJ Atelier zu Diddeleng, 14, rue de la Libération, L-3510 Diddeleng.
Bleift um Lafenden iwwert déi 4 SNJ Atelieren op Instagram!