Événements
Kreativ a nohalteg: Den Atelier vum SNJ beim On Stéitsch
September 30, 2026
De Samschdeg, den 26. September 2026, war den Atelier vum SNJ beim On Stéitsch am Schluechthaus zu Hollerech dobäi.
Mat engem kreativen Upcycling-Workshop huet den Atelier gewisen, datt aus ale Materialien nach eppes Neies a Nëtzleches entstoe kann. D’Participantë konnten aus ale SNJ-Zelter Becherhalter, oder och nach “Cup Holder” genannt, hierstellen.
An enger entspaanter a flotter Ambiance konnten d’Jonker selwer eng Hand uleeën, nei Iddien ausprobéieren an entdecken, wéi ee Material, dat soss vläicht net méi gebraucht gëtt, nach e zweet Liewe ka ginn. De Workshop war domat net nëmme kreativ, mee och eng flott Geleeënheet, sech op eng praktesch Manéier mam Thema Upcycling a Nohaltegkeet ze beschäftegen.
En Atelier, vill Kreativitéit an eng flott Festivalatmosphär – eng gelongen Editioun !
👉 Bleift iwwer déi 4 Atelieren vum SNJ um Lafenden op eisem Instagram!