Événements
“Liewen zu Esch”: Den SNJ war dobäi!
September 22, 2026
E Samschdeg, den 19. September 2026, war d’lokal Antenn vum Service national de la jeunesse (SNJ) vun Esch-Uelzecht bei der 3. Editioun vu “Liewen zu Esch” dobäi – engem wichtege Rendez-vous vun der Escher Geméng.
Iwwer den Dag verdeelt konnten d’Visiteuren den SNJ a seng verschidden Offere fir Jonker besser kenneléieren, mat engem besonnesche Fokus op de Service volontaire.
D’Veranstaltung huet vill Méiglechkeete fir Austausch gebueden an och nei Kontakter tëscht Veräiner, Awunner, Kënschtler an aneren lokalen Acteuren erméiglecht.
An domat geet et weider: Am Februar 2027 steet schonn de nächste grousse Rendez-vous un. “Deng Zukunft – Däi Wee“, organiséiert vum SNJ ewéi vum Centre de Rencontre et d’Information pour Jeunes (CRIJE) an Zesummenaarbescht mat der Escher Geméng an hirem Service Jeunesse, geet schonn an hir 11. Editioun.
Mir gesinn eis dann beim #DZDW27 am Belval Plaza!