Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !

Offeren fir Lycéeën

Workshoppe

D’Workshoppe sollen d‘Schüler an de Schlësselmomenter vun hirem Schoulparcours ënnerstëtzen. Zil ass et, déi bevirstoend Transitioun mat Erfolleg ze meeschteren, an esou en eventuelle Schoulofbroch ze verhënneren. Et ass dofir wichteg, de Schüler an de Mëttelpunkt ze stellen a Workshoppen unzebidden, déi senger Situatioun an senge Bedürfnisser ugepasst sinn. D’Ziler vun de Workshoppe sinn:

  • d’Schüler ze ënnerstëtze fir hier Talenter z’entdecken an sech mat hiren Talenter, Interessien a Kompetenzen auserneenzesetzen;
  • d’Schüler ze sensibiliséiere fir hire Bildungsprojet ze plangen;
  • d’Schüler fir d’Ëmsetze vun hirem Liewensprojet ze responsabiliséieren;
  • d’Schüler z’informéieren, wéi eng Demarchen si mussen ënnerhuelen, fir z.B. eng Léierplaz, en Job oder eng Formatioun ze fannen;
  • d’Capacitéit, fir Decisiounen ze huelen, stäerken;
  • d’Capacitéit, fir seng Decisioun ëmzesetzen, stäerken;
  • d’Selbstvertrauen an d’Selbstwäertgefill stäerken.

D’Workshoppen riichten sech u Schüler vu 5e bis 1re.

Wann Dir un enger Zesummenaarbecht am Kader vu Workshoppen oder u weideren Informatiounen interesséiert sidd, da kontaktéiert w.e.g.:

martine.lentz@snj.lu

Tel.: 247 86467

Info-Sessiounen zum Fräiwëllegendéngscht

Mir invitéieren d Lycéeën un eisen online Info-Sessiounen deel ze huelen. Op Demande kënne mir Info-Sessiounen zum Thema Fräiwëllegendéngscht op de Klassen vu 3ième bis 1ière ubidden.

Wann Dir un enger Zesummenaarbecht interesséiert sidd, dann fëllt dës Demande aus. Fir weider Informatiounen kontaktéiert w.e.g.:

svi@snj.lu

Tel.: 247 95281