Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Back to all events

Formation

Move Together – goes Marienthal – Tandem VTT + Tir à l’arc

D’Meeting Points sollen national an international Volontairen duerch flott Aktivitéiten zesummebréngen. Spaass, Austausch a Kenneléiere stinn am Mëttelpunkt!

Move Together ass en inklusive Projet, dee Jugendlecher an Erwuessener mat Beanträchtegungen duerch gemeinsam Erfarungen an Aktivitéiten zesummebréngt.
Den Haaptfokus läit op Beweegung a sportlechen Aktivitéiten, déi net nëmme Freed a Begeeschterung schafen, mee och d’sozial Zesummenhalt stäerken, Akzeptanz fërderen a Chancëgläichheet ënnerstëtzen.

Den Dag maachen 2 verschidden Inclusive Aktivitéite gléichzéiteg.

En Deel vum Group mëscht een Tour mat engem Tandem VTT duerch de Bësch am Marienthal, wärend den aneren Group Bouschéisse geet. No dësen 2 Aktivitéiten Iesse mir all zesummen.

Datum an Zäit

  • Marienthal 11.06.2025 | 09:00
    11.06.2025 | 17:00

Région

Zentrum

Dauer

1 Dag