Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Back to all events

Formation

Orientéierungswoch an der Handwierkskammer (HWK) Tréier

D‘Orientéierungswoch ass geplangt fir Jonker, di en CCP oder DAP an engem handwierkleche Betrib wëlle maachen oder fir Jonker, di nach kee konkrete Beruffswonsch hunn an sech fir d’Handwierk interesséieren an sech ausprobéiere wëllen.

De Jonke léiert an der Woch (5 Deeg) all Dag en aneren Atelier vun der Handwierkskammer Tréier kennen a schafft do aktiv mat. Zu de verschiddene Ateliere gehéieren ënner anerem d’Beräicher: Metall, Holz, IT, Elektronik & Zänntechniker. No der Orientéierungswoch kritt de Jonken e Participatiounszertifikat ausgestallt.

Di Jonk kënnen am Kolpinghaus (Jugendherberg) am Zentrum vun Tréier iwwernuechten oder alternativ all Dag selwer ureesen.

Datum an Zäit

  • Trier 07.04.2025 | 07:30
    11.04.2025 | 16:30

Région

Osten

Dauer

5 Deeg