Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Back to all events

Formation

Infodag fir d’Orientéierungswoch an der Handwierkskammer (HWK) Tréier

Den Infodag ass geplangt fir Jonker, di en CCP oder DAP an engem handwierkleche Betrib wëlle maachen oder fir Jonker, di nach kee konkrete Beruffswonsch hunn an sech fir d’Handwierk interesséieren an sech ausprobéiere wëllen.

Am Infodag fuere mir zesumme mam Zuch op Tréier a maachen do eng Visite vun der Handwierkskammer wou mir hier verschidden Ateliere gewisen a Froe beantwërt kréien. Mir iessen da bei hinnen an der Kantin a fueren Nomëttes zesummen an d’Kolpinghaus wou di Jonk wärend der Orientéierungswoch wunne wäerten. Och do kréie mir eng Visite a hier verschidden Aktivitéite virgestallt.

 

Den Infodag soll de Jonke bei hirer Decisioun hëllefen, ob si d’Orientéierungswoch am Abrëll wëlle matmaachen.

Datum an Zäit

  • HWK Trier 05.03.2025 | 08:00
    05.03.2025 | 16:00

Région

Osten

Dauer

1 Dag