Fir ween? Fir all Jonken tëschent 16 an 30 Joër.
Firwat? En Accident ass schnell geschitt: Doheem, op der Aarbecht oder op der Strooss. Heiansdo sinn et just kleng Verletzungen an du wäerts léieren déi richteg ze behandelen.
Mee munchmol ass d’Situatioun méi seriö oder souguer liewensgeféierlech. Dank dem 1. Hëllef Cours wäerts du an der Lag sinn:
- eng Situatioun richteg anzeschätzen,
- wien fir Hëllef froen,
- wat’s du maache kanns bis di Hëllef op der Plaz ass.
Déi éischt Persoun op der Plaz ass e wichtegt Glidd an der Rettungsketten. Wann si richteg handelt erhéijen sech d’Iwwerliewenschancë vun der verletzter Persoun.
Du wäerts di richteg Geste léieren wat maache wann eng Persoun um erstécken ass, wéi een reaniméiert, wéi een en Defibrillator benotzt an nach vill aner nëtzlech Techniken!
Duerch praktesch Übunge léiers du d’Geste gutt ze beherrsche fir am Noutfall richteg handelen ze kënnen.
Jidderee kann 1. Hëllef Geste léieren. Jiddereen ass e potentielle Retter!
Zéck net, huel un der Formatioun Deel!
Den Zertifikat ass 5 Joer laang gëlteg.
Responsable
Datum an Zäit
-
Auberge de Jeunesse Ettelbruck - 5 Rue de l'Ecole Agricole L-9016 Ettelbruck
19.02.2026 | 09:00
20.02.2026 | 17:00 -
Maison des Jeunes Ettelbruck - 5 Rue de l'Ecole Agricole L-9016 Ettelbruck
22.07.2026 | 09:00
23.07.2026 | 17:00