Hutt Dir iech jeemools gefrot, wéi ee Computer all Är Froen beäntwere kann oder Biller op Basis vun Ären Beschreiwunge generéiere kann? Dat ass d’Magie vun der Generativer KI (Kënschtlecher Intelligenz) – eng mächteg nei Technologie, déi Computeren erméiglecht, Saachen op Basis vun engem Text ze kreéieren. Mä wéi funktionéiert dat?
An dësem Kuer kucke mir hannert d’Kulisse vu Programmer wéi ChatGPT a entdecken, wéi KI léiert, eis Sprooch ze verstoen.
Mir ginn op eng Rees an d’Gehier vun dëse KI Programmer. Du wäerts verstoen, wéi se d’Bedeitung vu Wierder verschlësselen, wéi se Wierder matenee verbannen, a wéi se d’Nuancen vun der mënschlecher Sprooch léieren.
Du wäerts och léieren, dass dës AI “Gehierer” vill Energie brauchen fir ze léieren an nozedenken, ouni perfekt ze sinn! Mir gesinn, wéi se heiansdo Feeler maachen a wéi schwéier et ka sinn, esou e Feeler ze gesinn. Mir entdecken d’Applikatioune vun der Generativer KI, vum Iwwersetze vu Sproochen an der Klassifikatioun vu Texter bis zur Kreatioun vun Konscht.
Allerdéngs wäerte mir och iwwer d’Wichtegkeet schwätzen, dës Programmer verantwortungsvoll ze benotzen an hir Limitatiounen an hiren Impakt op eise Planéit ze verstoen. Mir léieren, dass eis eege Kreativitéit an eist kritescht Denken nach ëmmer ganz wichteg sinn.
Inhalt
1. Aféierung an KI a generativ KI Fäegkeeten
2. Erklärung vu LLM’s, d’Gehierer hannert ChatGPT, DeepL an méi.
3. Virféierung vun AI Applikatiounen a hiren Limitatiounen
4. Wéi een generativ KI benotzen an net benotzen soll
5. Ökologeschen Impakt vun der generativer KI
Léierzieler
Nom Ofschloss vun dësem Cours wäerten d’Participanten:
• D’Kraaft vun den KI Gehiren hannert Programmer wéi ChatGPT entdeckt hunn.
• Geléiert hunn, wéi Computeren d’Bedeitung an de Kontext vu Wierder an der mënschlecher Sprooch verstinn.
• Iwwer den ökologeschen Impakt vun der generativer KI informéiert sinn.
• D’Wichtegkeet verstanen hunn, KI verantwortungsvoll ze benotzen.
Responsable
Team
Datum an Zäit
-
Maison du Savoir
2 Avenue de l'Université
L-4365 Esch-Belval
Salle 2.190
12.05.2025 | 09:00
12.05.2025 | 12:30