Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Back to all events

Formation

Du bass méi wéi’s du mengs – Weis dech! Däin Talent an deng Stäerkten

An dëser Aktivitéit geet et drëms, e Video-CV ze erstellen, vum Schreiwen, op d’Filme bis hin zum Montage! Mat Hëllef vu verschiddenen Film-Techniken, leiers du deng deng Stäerkten,Kompetenzen an Erfarungen duerch eng kreativ a selbstbewosster Aart a Weis no baussen ze droen! Oft gesi mir eis Erfolleger net als Selbstverständlechkeet – hei léiers du, deng Talenter an Errongenschaften duerch eng kreativ Aart a Weis ze filmen an ze schneide fir se esou no baussen auszedrécken. Dëst erméiglecht et dir verschidde Kompetenzen a Wënsch besser ze verstoen an ze reflektéieren, wat e besonnesch meescht fir dech esou fir Zukunftsprojeten ze stäerken.

Am Endeffekt geet et net just drëms, e Video CV ze erstellen, mee och ze verstoen, mat wei engen Techniken (wie StopMotion, Legetrick oder Portrait) een sech selwer am beschte presentéiere kann. Egal ob fir eng Stageplaz, eng Aarbecht oder eng nei Erausfuerderung – dës Aktivitéit soll dir hëllefen, däi Profil mat Kreativitéit a Selbstvertrauen ze vermëttelen!

Datum an Zäit

  • Centre de jeunesse Marienthal
    Rue de Keispelt
    L-7411 Marienthal Helperknapp
    24.09.2025 | 09:00
    24.09.2025 | 16:00

Région

Zentrum

Dauer

1 Dag