Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !

FORMATIOUNEN – 2023

Stay tuned: D’Formatioune fir d’Schouljoer 2023-2024 sinn ab Oktober 2023 disponibel

Fir weider Informatioune kontaktéier eis per E-mail un hey.formations@snj.lu

Liewensprojet

D’Formatiounen am Beräich Liewensprojet hëllefen dir perséinlech a professionell, konkret a realistesch Projeten ze entwéckele fir dir d’Integratioun an d’aktiivt Liewen ze vereinfachen.

Beispiller vu Formatiounen:

Zréck an d’Schoul

Ech sichen eng Léierplaz

Berufsorientierungswoche HWK

Berufflech Praxis

D’Formatiounen am Beräich berufflech Praxis erméiglechen dir eng global Iwwersiicht vun engem Beruff oder engem Secteur ze kréien an esou deng professionell Kompetenzen an däi Verhalen auszebauen an ze mobiliséieren déi zu de Besoinen um Terrain entspriechen. Dës Formatioune ginn och op déi spezifesch Sprooch an de Vokabulär vun de verschiddene Beruffer an.

Beispiller vu Formatiounen:

Der alte Mensch – Ein unbekanntes Wesen

Een Abléck an d’Restauratioun: eng Chance fir mäi Liewen !

Prett fir an d’Maison Relais

Perséinlech Entwécklung

D’Formatiounen am Beräich perséinlech Entwécklung hëllefen dir dech selwer besser kennen ze léieren, deng Talenter an däi Potential ervirzesträiche fir esou dozou bäizedroen deng Liewensqualitéit ze verbesseren. Dës Formatiounen erlaben dir en Bewosstsinn dofir ze kréie wéi eng Kompetenzen a Kapazitéite schonn an dir rouen.

Beispiller vu Formatiounen:

Deviens un super-héros du monde du travail

Design for change

Autorelaxation

Liewensfäegkeeten

Am Beräich Liewensfäegkeeten hëllefen dir d’Formatiounen deng Kompetenzen auszebaue fir d’Erausfuerderunge vum perséinlechen a professionellen Alldag ze meeschteren.

Beispiller vu Formatiounen:

Mäin éischten Androck

Introduction à la bureautique

Sief och du Multimobil

Pour plus d’informations, n’hésites-pas à nous contacter par e-mail à hey.formations@snj.lu