Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Future Boost – Prett fir an d’aktiivt Liewen: Virbereedung op d’Virstellungsgespréich

Future Boost – Prett fir an d’aktiivt Liewen: Virbereedung op d’Virstellungsgespréich

Print
Future Boost – Prett fir an d’aktiivt Liewen: Virbereedung op d’Virstellungsgespréich

Beschreiwung vum Event

E Virstellungsgespréich ass deng Chance, en zukünftegen Patron vun dir ze iwwerzeegen – mee wéi stellt een sech am Beschten vir? Wéi äntwert een op typesch Froen, a wat spillt bei der Kierpersprooch an der Ausdrocksweis eng Roll? An dësem Workshop kriss du praktesch Tipps a kanns e realistescht Virstellungsgespréich üben.

Inhalter vum Workshop:

Virbereedung: Wat erwaart dech an engem Virstellungsgespréich, a wéi kanns du dech optimal dorop astellen?
Typesch Froe & Äntwerten: Wéi eng Froen gi gären gestallt, a wéi formuléiers du däin Äntwerten iwwerzeegend?
Kierpersprooch & Optrieden: Wéi beaflossen Mimik, Gestik a Stëmm den éischten Androck?

📌 Praxisübung – Simulatioun vun engem Virstellungsgespréich
✔ Direkt Feedback zu dengen Stäerkten a Verbesserungspotenzialer
✔ Tipps fir eng staark Selbstpresentatioun an den Ëmgang mat Nervositéit

Dësen Workshop hëlleft dir, méi sécher an deng nächst Bewerbung ze goen an dech professionell ze presentéieren. Keng Virbereedung néideg – einfach matmaachen an ausprobéieren!

 

Wichteg Informatioun: Wiel am Umeldungsformulaire eng Zäit aus déi dir am beschten passt. Den Workshop dauert pro Grupp maximal 1 Stonn. Den definitiven Horaire gëtt dir per Email konfirméiert.

 

Bei Froen kanns du dech gären beim Jugend Bureau Téiteng mellen – jugendbureau.teiteng@gmail.com

Datum an Zäit

05.06.2025 - 05.06.2025
14:00 - 20:00

Standuert

Administration Communale de Kayl
4, rue de l’hôtel de Ville
L-3674 Kayl