Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Deng Zukunft – Däi Wee : Infobourse fir Jonker an Elteren

Deng Zukunft – Däi Wee : Infobourse fir Jonker an Elteren

Print
Deng Zukunft – Däi Wee : Infobourse fir Jonker an Elteren

Beschreiwung vum Event

Deng Zukunft – Däi Wee, Infobourse fir Jonker an Elteren.
Komm laanscht, informéier dech a maach bei flotten Atelieren mat!

Zil vum Dag?
Dir beim Sprong an dat aktiivt Liewen ze hëllefen.
Hei fënns du nëtzlech Informatiounen a Kontakter déi et dir erméiglechen eng Entscheedung fir deng Zukunft ze treffen.
Du bass an direktem Kontakt mat Patronen an Entreprisen a kanns op der Platz un Atelieren deelhuelen:
  • atelier coiffure
  • atelier esthétique
  • atelier stylisme
  • atelier photo et relecture de CV
Deng Zukunft – Däi Wee ass awer och d’Geleeënheet fir Patronen, Servicer an Entreprisen dech iwwert hier Beruffer a Charakteristiken ze informéieren, dir e Studentenjob, eng Léierplaz oder eng Aarbecht unzebidden.
D’Aussteller proposéieren dir 4 Informatiounsberäicher fir deng Zukunft:
  • Engagement
  • Beruffer
  • Formatiounen
  • Orientatioun

All Informatiounen zum Event fënns du op eiser Facebook-Säit : Deng Zukunft – Däi Wee 

Entdeck och schonn elo d’Brochure zum Event : Brochure Deng Zukunft – Däi Wee 2024

Datum an Zäit

14.02.2024 - 14.02.2024
09:30 - 16:30

Standuert

Belval Plaza
7 & 14 Avenue du Rock 'N' Roll,
Esch-sur-Alzette, Luxembourg