Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Kannermusée PLOMM

Image du stage Kannermusée PLOMM

Beschreiwung

E stage de découverte am Kannermusée PLOMM bitt, wéi de Numm et seet, ofwiesslungsräich a villsäiteg Méiglechkeete fir an de Beruffsalldag vun eiser Equipe eranzeluussen. D’Aufgaben an engem Kannermusée si ganz ënnerschiddlech an dowéinst ass et am PLOMM méiglech ganz vill verschidden Erfarungen ze sammelen. Esou ass et méiglech en Abléck an d’Aarbecht op der administrativer, awer och op der handwierklecher oder kreativer Säit ze kréien.

  • Ënnerstëtzung vum Departement Expositions et service des publics (Geféiert Visitte vun eiser Expo oder dem Bam vun de Geschichten)
  • Ënnerstëtzung vum Departement Ateliers pédagogiques et culturels (Kreativitéit, Konscht, Moolen, Bastelen, Fotoen, Videoen)
  • Ënnerstëtzung vun der Administratioun (Events, Kommunikatioun, Sekretariat, Accueil)
  • Ënnerstëtzung vum Service technique (Schräinerei, Usträichen, Schläifen, Schlässerei)

D’Entreprise

De Kannermusée PLOMM ass eng Kultur- a Bildungsinstitutioun an der Kanner spillen, entdecken, nofroen a selwer kreativ ginn. De PLOMM ass eng national Referenz am Thema Kannerpartizipatioun an ënnerstëtzt lokal Strukturen dobäi fir innovativ Methoden an hirem Alldag ze etabléieren.

Standuert(er)

Kannermusée PLOMM
19 rue Charles Lambert
L-9537 Wiltz

Kontakt

Nick Friedl