Individuell Berodung
Hey! Du hues tëschent 15 an 30 Joer a weess am Moment net wierklech wéis du dir eng berufflech an/oder schoulesch Zukunft virstells oder bass onsécher op däin aktuelle Wee de richtege fir dech ass?
Keng Panik! Op dësem Site an an de lokalen Antennen vum Service national de la jeunesse (SNJ) kanns du vun enger individueller Berodung an Ënnerstëtzung bei denger Orientéierung profitéieren. Mir begleeden an ënnerstëtzen dech beim Ausschaffe vun denge berufflechen, schouleschen a perséinleche Projeten an du kanns un verschiddenen Offeren deelhuelen déi dir hëllefen deng Stäerkten kennen ze léieren a weider auszebauen.
Looss dech vun eise Mataarbechter iwwerall am Land beroden an ënnerstëtzen .
No bei dir.
Mir sinn do fir dech ze beroden a mir proposéieren dir:
- e Bilan vun denger perséinlecher Situatioun;
- eng Analys vun dengem schouleschen a professionellen Niveau;
- mir zéien deng Liewensëmstänn a Betruecht;
- wann néideg, en Dialog mat dengen Elteren oder Tuteuren;
- wann néideg, brénge mir dech a Kontakt mat aneren Hëllefsservicer;
- Informatiounen iwwer méiglech Optiounen.
An eisen Antennen kënne mir och zesummen un dengem perséinleche Projet schaffen fir zeréck an d’Aktivitéit. Mir bidden dir Folgendes un:
- d’Ausschaffe vun dengem perséinleche Projet, wann s du zeréck an d’Schoul oder op den Aarbechtsmaart gees;
- eng Léisung fir Inaktivitéit ze vermeiden, wann s du net direkt kanns zeréck an d’Schoul oder op d’Aarbecht goen;
- d’Ausschaffe vun engem individuellen Aktiounsplang;
- eng Begleedung fir deng Demarchë bei de Verwaltungen, de Lycéeën an all aner Servicer, déi dir kënnen hëllefen;
- Rotschléi, wéi s du dech solls op denger neier Aarbechtsplaz oder an denger neier Schoul verhalen;
- déi selwecht Persoun, déi dech wärend dem ganzen Iwwergang bis zu denger Integratioun an enger neier Struktur begleet.