Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Mäin éischten Androck – Ma première impression – 11.04.2024

Mäin éischten Androck – Ma première impression – 11.04.2024

Print
Mäin éischten Androck – Ma première impression – 11.04.2024

Beschreiwung vun der Formatioun

LU
Et ass den éischten Androck, deen zielt! Sou heescht et mol !
Fir e gelongene Start an d’Aarbechtsliewe muss du déi éischt Etapp vum CV a Virstellungsgespréich iwwerwannen. Hei ass et ganz wichteg dass du e gudden Androck mëss.Dës Formatioun bitt dir d‘Méiglechkeet véier thematesch Atelieren ze duerchlafen:
• Atelier Make-up
• Atelier Frisur• Atelier Kleeder Stil
• Atelier Foto
Du gëss vun den Experten aus den themateschen Ateliere beroden a kanns dech selwer abréngen.
Den Atelier Foto späichert d‘ Entwécklung vum Dag mat Vorher/Nachher Fotoen of an du kriss zum Schluss vum Dag och eng professionell Foto mat, déi s du fir däin Dossier de Kandidature gebrauche kanns.
Wärend der Formatioun, kriss du och d’Méiglechkeet mat engem vun de Responsabele vum Rekrutement vun der École nationale pour adultes (ENAD) ze schwätzen an dir hir Offer erklären ze loossen.
D ‘Formatioun ass op Lëtzebuergesch mee Jonker déi franséisch schwätze sinn och wëllkomm!

FR
C’est la première impression qui compte. Du moins, c’est ce qu’on dit !
Pour un bon départ dans le monde du travail, il faudra que tu passes d’abord les étapes cruciales du CV et de l’entretien. Ici, il est important que tu te mettes sur ton trente-et-un pour ainsi laisser une bonne impression.
Cette formation te donne la possibilité de parcourir quatre ateliers thématiques :
• Atelier maquillage
• Atelier coiffure
• Atelier style vestimentaire
• Atelier photo
Des experts de chaque atelier te donnent des conseils et répondent à toutes tes questions.
Un atelier photo témoignera la progression de la journée avec des photos avant/après et à la fin de la journée, tu recevras une photo professionnelle à ajouter à ton dossier de candidature.
Durant la formation, tu auras également l’occasion de rencontrer l’un des responsables du recrutement de l’École nationale pour adultes (ENAD) et de découvrir leurs offres qui pourraient te convenir.
La formation sera en luxembourgeois, mais les jeunes francophones sont bienvenues !

Umeldungen sinn op bis den
04/04/2024

Zilgrupp

Jeunes de 16 à 30 ans

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Datum an Zäit

11.04.2024 - 11.04.2024
09:30 - 15:00

Dauer

< 0,5 Dag

Standuert

ENAD
17, rue Marguerite de Brabant L-1254 Luxembourg
Lëtzebuerg

Typ Formatioun

Bannen
Ouni Iwwernuechtung

Sprooch

Franséisch
Lëtzebuergesch