This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Beschreiwung vun der Formatioun
Erlief en Workshop iwwert Konscht a Kënschtlech Intelligenz (KI) an hëllef eis, dëse mat dengem Feedback an dengen Iddien nach besser ze gestalten. An dësem interaktive Kuer entdecks du als éischt, wat eng KI ass a wat se kann.
Du kriss och en Abléck doranner, wéi KI-Modeller wéi ChatGPT fonctionéieren a wéi se trainéiert gin. Mir kucken zesummen, wat een alles un Donnéeën brauch, fir dass dës Programmer esou gutt fonctionéieren an op wat ee muss oppassen, wann ee mat esou enger KI schaffe wëll.
Uschléissend kanns du selwer verschidde KI-Modeller probéieren, déi mat Biller schaffen, unhand vu Fotoen den Alter vu Persounen erroden oder dës Fotoe manipuléieren. Ausserdem gesäis du nach d’Méiglechkeete vu KI am Beräich vun der Musek an der Konscht. Zesummen diskutéiere mir iwwer d’Fro, ob d’Resultater vun enger KI kënnen Konscht sinn.
Du brauchs keng Kenntnisser an der Informatik, fir un dësem Workshop deelzehuelen!
Umeldungen sinn op bis den
07/11/2024
Zilgrupp
All Jonker vun 16-30 Joer.
Wanns de en generellt Interessi un Informatik hues, bass de hei richteg.
Keen Virwëssen gett gebraucht!
Domaine vun der Formatioun
Formateur(en)
Datum an Zäit
09:00 - 13:00
Dauer
Standuert
2, place de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette