Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Kommunikatioun an Ëmgang mat Konflikter 17.06.2024 + 18.06.2024

Kommunikatioun an Ëmgang mat Konflikter 17.06.2024 + 18.06.2024

Print
Kommunikatioun an Ëmgang mat Konflikter 17.06.2024 + 18.06.2024

Beschreiwung vun der Formatioun

D’Wuert Kommunikatioun héiert een ëmmer erëm. Mee wat versteet ee genau dorënner a wéi funktionéiert se?
Entdeck an dëser Formatioun de Prozess an d’ Konscht vun der Kommunikatioun a wéi een d’ Kommunikatioun am Ëmgang mat Konflikter produktiv asetze kann.

D ‘Formatioun “ Kommunikatioun an Ëmgang mat Konflikter ” erméiglecht perséinlech a professionell Konflikter am Alldag unzegoen an ze léisen.
Konkret léiers du:
• op wat s du solls oppassen, wann s du mat engem kommunizéiers
• Konfliktsituatiounen ze analyséieren
• wéi s du ee Konflikt vermeide kanns
• d’ gewaltfräi Kommunikatioun unhand vu praktesche Beispiller
• wéi s du mat Konflikter ëmgees

Wann s du nei Kommunikatiouns-Methode kënne léiere wëlls an esou deng Kommunikatioun mat Anerer stäerke wëlls, da schreif dech an!

Umeldungen sinn op bis den
10/06/2024

Zilgrupp

All Jonken tëschent 16 an 29 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Datum an Zäit

17.06.2024 - 18.06.2024
09:30 - 16:00
J1 : 9h30 à 16h00
J2 : 9h30 à 16h00

Dauer

2 Deeg

Standuert

Centre Jeunesse Larochette
53, rue Osterbour
L-7622 Larochette
Larochette
Norden

Typ Formatioun

Bannen
Mat Mëttegiessen
Ouni Iwwernuechtung

Sprooch

Lëtzebuergesch