Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Cours de 1er secours – Éischt Hëllefs Cours 23.11.2022 + 02.12.2022

Cours de 1er secours – Éischt Hëllefs Cours 23.11.2022 + 02.12.2022

Print
Cours de 1er secours – Éischt Hëllefs Cours 23.11.2022 + 02.12.2022

Beschreiwung vun der Formatioun

Am Alldag geschéie vill Accidenter: Doheem, op der Aarbecht oder op der Strooss. Heiansdo sinn et just kleng Bobo’en an du wäerts léieren déi richteg ze behandelen.
Mee munchmol ass d’Situatioun méi seriö oder souguer schlëmm. Am 1. Hëllef Cours léiers du:

• eng Situatioun richteg anzeschätzen,
• wien fir Hëllef froen,
• wat’s du maache kanns bis di Hëllef op der Plaz ass.
Déi éischt Persoun op der Plaz ass e wichteg Glidd an der Rettungsketten. Wann hie richteg handelt erhéijen sech d’Iwwerliewenschancë vun der verletzter Persoun.
Du wäerts di richteg Gestë léieren: wat maache wann eng Persoun um erstécken ass, wéi reaniméiert een, wéi benotzt een een Defibrillator an nach vill méi!
Duerch praktesch Übunge léiers du d’Gestë gutt ze beherrsche fir am Noutfall richteg handelen ze kënnen.
Jidderee kann 1. Hëllef Gestë léieren. Jiddereen ass e potentielle Retter!
Zeck net, schreif dech an d’Formatioun an!
Den Zertifikat ass 5 Joer laang gëlteg.

Umeldungen sinn op bis den
16/11/2022

Zilgrupp

All Jonken tëschent 16 an 30 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Formateur(en)

Datum an Zäit

23.11.2022 - 02.12.2022
08:30 - 17:00

Dauer

2 Deeg

Standuert

Centre culturel à Ingeldorf
17, ue du Berger
L-9161 Ingeldorf
Norden

Typ Formatioun

Bannen

Sprooch

Lëtzebuergesch