This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Beschreiwung vun der Formatioun
Den Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg bitt Schoulklasse Kueren un, déi präsentéieren, wat hannert Fuerschungsprojte vun der Uni stécht. Zousätzlech hu mer eng Homepage mat Aktivitéiten, déi ee vun doheem aus ka maachen, fir Konzepter aus der Informatik kennen ze leieren.
Eist Angebot muss natierlech och getest ginn an do kënns du an d’Spill! Hëllef eis, eng Aktivitéit mat dengen Iddien nach besser ze gestalten an erlief en dozou passende Workshop iwwer Robotik. An dësem interaktive Kuer schaffs de mat engem Roboter zesummen an du léiers, wéi e Roboter denkt. Du kanns de Roboter selwer programméieren a probéieren, e Quizmaster aus him ze maachen, deen nolauschtert an op dech reagéiert.
Du brauchs keng Kenntnisser an der Informatik, fir un dëser Formatioun deelzehuelen!
Umeldungen sinn op bis den
27/05/2024
Zilgrupp
All Jonker vun 16 – 30 Joer.
Wanns de en generellt Interessi un Informatik hues, bass de hei richteg.
Keen Virwëssen gett gebraucht!
Domaine vun der Formatioun
Formateur(en)
Datum an Zäit
09:00 - 13:00