Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Atelieren

Wann s du net méi schoulflichteg bass a nach net weess, wéi deng nächst Etapp ausgesäit, dann bass du bei den Atelieren vum SNJ richteg.

Op véier Plazen am Land kanns du entdecke wat Upcycling ass a verschidden Technike fir mat diversen Materialien ze schaffe kenne léieren. Du kanns deng kreativ Säit entdecken an erliefs flott Momenter an engem frëndleche Kader.

Dobäi gëss du vun enger sozio-edukativer Equipe an vun Experten am Handwierk begleet. Zesummen, bereeden mir dech ideal drop vir, déi nächst Etapp an dengem Liewen ze plangen an se dann och ëmzesetzen. Esou kanns du dech och optimal preparéiere vir vun den aneren Offere vum SNJ ze profitéieren (Formatiounen, Fräiwëllegendéngscht, Stagen).

Bei eis kanns du séier an onkomplizéiert aktiv ginn!
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image

DEN ATELIER an der Stad Lëtzebuerg

Am Atelier an der Stad gëtt vill mat Holz geschafft. Gréisser Miwwelen gi renovéiert an ausgebessert oder kleng Käerzestänner oder Vasen aus Holzreschter hiergestallt.

Och hei kanns du mat Nol, Fuedem a Bitzmaschinn verschidde Bitztechnike kenne léieren an aus gebrauchte Stoffer Kleeder, Poschen, Petzieen oder soss Objeten zesumme schneideren.


27b, boulevard Grande-Duchesse Charlotte
L-1331 Lëtzebuerg

Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image

Den Atelier zu Esch/Uelzecht

Den Atelier zu Esch stellt dir déi verschidden Techniken vun den arts plastiques (Molerei, mam Leem schaffen) vir, duerch déi s du deng perséinlech Kreatioune maache kanns. Ganz am Sënn vum Upcycling benotzen mer nohalteg Produiten an recycléiert Material aus deenen s du deng eegen Kreatiounen maache kanns déi dann entweder verkaf oder op publiken Eventer ausgestallt ginn.

47, rue de l'Alzette
L-4011 Esch/Alzette

Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image

Den Atelier zu Colmer-Bierg

Um Colmer-Bierg hues du d Méiglechkeet an enger professioneller Kichen déi verschiddenst Platen a Liewensmëttel ze entdecken an dës fir eng gréisser Grupp ze kachen. Dobäi léiers du op wéi eng Hygiens- a Sécherheetsmoossnamen ee beim Kache oppassen muss.

Hei kanns du awer och mat Nol, Fuedem a Bitzmaschinn verschidde Bitztechnike kenne léieren an aus gebrauchte Stoffer Kleeder, Poschen, Petzien oder soss Objeten zesumme schneideren.
Du kanns awer och aner Upcyclingprojeten verwierklechen.

12a, Cité Morisacker
L-7735 Colmer-Bierg

Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image
Workshop image

Den Atelier zu Diddeleng

Am Atelier zu Diddeleng entdecken mir d’Welt vun der Digitaliséierung an den neien Technologien, ëmmer am Zesummenhang mam Upcycling. Do kanns du léieren digitalen Contenu ze kreéieren, wéi z. B. Podcasts, Videoen oder Tutorials, dech an d’Fotografie an d’Fotobearbechtung anzeschaffen, mee och al Kleeder an “connected” Kreatiounen ze verwandelen oder nei Produkter mat Hëllef vun neien Technologien ze erfannen. Den Atelier ass e liewege, oppene Raum, wou s du experimentéiere kanns, deng Iddien austausche a gedeelt kriss. Déi grouss Fënster verbënnt dech direkt mat der Stad an de Passanten: eng eenzegaarteg Geleeënheet, deng Kreatiounen ze weisen an aner jonk Leit bei engem Kaffi kennenzeléieren.” 14, rue de la Libération L-3510 Dudelange

Du bass intresséiert oder hues Froen heizou?

Kontaktéier eis