Beschreiwung vun der Formatioun
LU
D’Wuert Kommunikatioun héiert een ëmmer erëm. Mee wat versteet ee genau dorënner a wéi funktionéiert se?Entdeck an dëser Formatioun de Prozess an d’ Konscht vun der Kommunikatioun a wéi een d’ Kommunikatioun am Ëmgang mat Konflikter produktiv asetze kann.
D ‘Formatioun “ Kommunikatioun an Ëmgang mat Konflikter ” erméiglecht perséinlech a professionell Konflikter am Alldag unzegoen an ze léisen.
Konkret léiers du:
• op wat s du solls oppassen, wann s du mat engem kommunizéiers
• Konfliktsituatiounen ze analyséieren
• wéi s du ee Konflikt vermeide kanns
• d’ gewaltfräi Kommunikatioun unhand vu praktesche Beispiller
• wéi s du mat Konflikter ëmgees
Wann s du nei Kommunikatiouns-Methode kënne léiere wëlls an esou deng Kommunikatioun mat Anerer stäerke wëlls, da schreif dech an!
Umeldungen sinn op bis den
13/03/2025
Zilgrupp
Tous les jeunes entre 16 et 30 ans
Domaine vun der Formatioun
Datum an Zäit
09:30 - 16:00
J2 : 09h30 – 16h00
Dauer
Standuert
53, rue Osterbour
L-7622 Larochette