Beschreiwung vun der Formatioun
D’Wuert Kommunikatioun héiert een ëmmer erëm. Mee wat versteet ee genau dorënner a wéi funktionéiert se?
Entdeck an dëser Formatioun de Prozess an d’ Konscht vun der Kommunikatioun a wéi een d’ Kommunikatioun am Ëmgang mat Konflikter produktiv asetze kann.
D ‘Formatioun “ Kommunikatioun an Ëmgang mat Konflikter ” erméiglecht perséinlech a professionell Konflikter am Alldag unzegoen an ze léisen.
Konkret léiers du:
• op wat s du solls oppassen, wann s du mat engem kommunizéiers
• Konfliktsituatiounen ze analyséieren
• wéi s du ee Konflikt vermeide kanns
• d’ gewaltfräi Kommunikatioun unhand vu praktesche Beispiller
• wéi s du mat Konflikter ëmgees
Wann s du nei Kommunikatiouns-Methode kënne léiere wëlls an esou deng Kommunikatioun mat Anerer stäerke wëlls, da schreif dech an!
Umeldungen sinn op bis den
14/11/2024
Zilgrupp
Tous les jeunes entre 16 et 30 ans
Domaine vun der Formatioun
Formateur(en)
Datum an Zäit
09:30 - 16:00
Dauer
Standuert
17, Boulevard John F. Kennedy
L-4170 Esch-sur-Alzette