Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Lëtz talk about Sex – Gefiller a sexuell Gesondheet 30.01.2024

Lëtz talk about Sex – Gefiller a sexuell Gesondheet 30.01.2024

Print
Lëtz talk about Sex – Gefiller a sexuell Gesondheet 30.01.2024

Description de la formation

Am Kader vum Workshop “Lëtz Talk about Sex”, thematiséiert d’Formatioun Gefiller a sexuell Gesondheet ënner anerem sexuell an affektiv Bezéiungen, Verhütung, Consentement an all aner Fro déi dech interesséiert. Am Nomëtteg ass eng Visitt an de Planning Familial an der Staat Lëtzebuerg geplangt, wou d’ExpertInnen dir erkläre wat dee Service ass a bei wéi enge Froe s du dech un si riichte kanns.
De Workshop “Lëtz Talk about Sex” besteet aus 4 eenzele Formatiounen iwwer divers Themen zur Sexualitéit. Du kanns un allen Formatiounen Deel huelen oder och just un deene wou d’ Thema dir zousprécht.
• Gefiller an sexuell Gesondheet
• Sexuell iwwerdrobar Infektiounen (IST)
• LGBTQIA+ : Geschlechtlech a sexuell Diversitéit
• Sex & digital Welt
Bass du dorun interesséiert, dech an engem geschützte Raum iwwer déi Themen ze informéieren, an dech mat ExpertInnen vum Terrain an anere Jugendlechen auszetauschen? Alles leeft ënnert dem Motto “What happens in Vegas, stays in Vegas”, dat heescht jiddereen zielt sou vill wéi e wëll, wichteg ass eis, datt’ s du dech wuel fills!

Inscriptions ouvertes jusqu'au
23/01/2024

Public cible

All Jonken teschent 16 an 30 Joer

Domaine de la formation

Life skills

Date et horaire

30.01.2024 - 30.01.2024
08:30 - 15:00

Durée

1 jour

Lieu

Maison des jeunes River-Clausen
67, rue de Clausen
L-1342 Clausen
Centre
Luxembourg

Type de formation

À l'intérieur
Repas compris
Sans nuitée

Langue

Luxembourgeois