Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Konscht a Kënschtlech Intelligenz – eng Aféierung 14.11.2024

Konscht a Kënschtlech Intelligenz – eng Aféierung 14.11.2024

Print
Konscht a Kënschtlech Intelligenz – eng Aféierung 14.11.2024

Description de la formation

Erlief en Workshop iwwert Konscht a Kënschtlech Intelligenz (KI) an hëllef eis, dëse mat dengem Feedback an dengen Iddien nach besser ze gestalten. An dësem interaktive Kuer entdecks du als éischt, wat eng KI ass a wat se kann.

Du kriss och en Abléck doranner, wéi KI-Modeller wéi ChatGPT fonctionéieren a wéi se trainéiert gin. Mir kucken zesummen, wat een alles un Donnéeën brauch, fir dass dës Programmer esou gutt fonctionéieren an op wat ee muss oppassen, wann ee mat esou enger KI schaffe wëll.

Uschléissend kanns du selwer verschidde KI-Modeller probéieren, déi mat Biller schaffen, unhand vu Fotoen den Alter vu Persounen erroden oder dës Fotoe manipuléieren. Ausserdem gesäis du nach d’Méiglechkeete vu KI am Beräich vun der Musek an der Konscht. Zesummen diskutéiere mir iwwer d’Fro, ob d’Resultater vun enger KI kënnen Konscht sinn.

 

Du brauchs keng Kenntnisser an der Informatik, fir un dësem Workshop deelzehuelen!

Inscriptions ouvertes jusqu'au
07/11/2024

Public cible

All Jonker vun 16-30 Joer.

Wanns de en generellt Interessi un Informatik hues, bass de hei richteg.

Keen Virwëssen gett gebraucht!

Domaine de la formation

Life skills

Formateur(s)

Date et horaire

14.11.2024 - 14.11.2024
09:00 - 13:00

Durée

0.5 jour

Lieu

Maison du Savoir, Belval (Université du Luxembourg)
2, place de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette
Esch-sur-Alzette

Type de formation

À l'intérieur

Langue

Luxembourgeois