Hey !
  • Agenda
  • Zréck an d’Schoul 31.05.2022 + 01.06.2022

Zréck an d’Schoul 31.05.2022 + 01.06.2022

Print
Zréck an d’Schoul 31.05.2022 + 01.06.2022

Beschreiwung vun der Formatioun

Du wëlls zeréck an d’Schoul mee du weess nach net richteg wat’s du maache wëlls, oder wou a wéi’s du dech aschreiwe solls? Dann profitéier vun dëser Formatioun! Mir schwätzen zesummen iwwer däi Projet, kucke mat dir dass däin Dossier vollstänneg ass (CV, Motivatiouns-Bréif asw.) an informéieren dech iwwer déng méiglech Optiounen sou wéi d’Aschreiwungs-Weeër an déi verschidde Schoulen. Et ass och e Mataarbechter aus dem ENAD als Invité mat dobäi (Ecole Nationale des Adultes) deen dir dës Schoul virstellt an op déng méiglech Froen ageet. Mir freeën eis op dech!

Umeldungen sinn op bis den
17/05/2022

Zilgrupp

All Jonken tëschent 16 an 30 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensprojet

Formateur(en)

Goedertz Marie-Lou
Beckius Valérie
Conrardy Cheryl

Datum an Zäit

31.05.2022 - 01.06.2022
09:00 - 15:30
31.05.2022
Moies vun 09:00-12:00
Mëttes vun 12:30-15:30

01.06.2022
Moies vun 09:00-12:00
Mëttes vun 12:30-15:30

Dauer

2 Deeg

Standuert

Maison Eisenborn
5 rue de la Forêt
L-6196 Eisenborn
Zentrum

Typ Formatioun

Bannen
Mat Mëttegiessen

Sprooch

Lëtzebuergesch