Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Stressbewältegung 21.11.2023-23.11.2023

Stressbewältegung 21.11.2023-23.11.2023

Print
Stressbewältegung 21.11.2023-23.11.2023

Beschreiwung vun der Formatioun

“Dat ass ze vill Stress”, e Saz deen en oft an deenen ënnerschiddlechste Situatiounen héiert.
Mee wat ass eigentlech Stress? Vun wou kënnt en hier a wéi erkennt een en?

Ee Liewen ouni Stress gëtt et net, Stresssituatioune kënnen zu all Moment opkommen. An dëser Formatioun léiers du gewësse Musteren a spezifesche Situatiounen erëm ze erkennen. Du kanns an dëser Formatioun erausfannen, wéi du schonns an dëse Momenter reagéiers a wéi eng aner Techniken hëllefe kënnen de Stress ze reduzéieren oder souguer ze bewältegen.

Schreif dech an, fir am richtegen Ëmgang mat Stress deng Liewensqualitéit ze erhéijen!

Umeldungen sinn op bis den
06/11/2023

Zilgrupp

All Jonken tëschent 18 an 30 Joer, deen an engem Fräiwëllegendéngscht aktiv ass.
Wichteg: D’Formatioun ass net fir Persoune gëeegent, déi ee psychologesche Suivi brauchen.

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Datum an Zäit

21.11.2023 - 23.11.2023
10:00 - 13:00
avec nuitées

Dauer

2.5 Deeg

Standuert

Centre de jeunesse Marienthal – SNJ
Rue de Keispelt
L-7411 Marienthal
Marienthal

Typ Formatioun

Bannen
Baussen
Mat Iwwernuechtung
Mat Mëttegiessen

Sprooch

Lëtzebuergesch