Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Mäin éischten Androck – ma première impression 04.04.2023

Mäin éischten Androck – ma première impression 04.04.2023

Print
Mäin éischten Androck – ma première impression 04.04.2023

Beschreiwung vun der Formatioun

Et ass den éischten Androck, deen zielt! Sou heescht et mol !
Dës Formatioun bitt dir d’Méiglechkeet véier thematesch Atelieren ze duerchlafen:
• Atelier Make-up
• Atelier Frisur
• Atelier Kleederstil
• Atelier Foto
Du gëss vun den Experten aus den themateschen Ateliere beroden a kanns dech selwer abréngen.
Den Atelier Foto späichert d’Entwécklung vum Dag mat Vorher/Nachher Fotoen of an du kriss zum Schluss vum Dag och eng professionell Foto mat, déi s du fir däin Dossier de Candidature gebrauche kanns.
Doduerch datt d’Formatioun an de Raimlechkeete vun der Ecole nationale pour adultes (ENAD) stattfënnt, kriss du och d ‘Méiglechkeet ee vun de Responsabele vum Rekrutement aus dëser Schoul ze treffen an esou och ënner anerem vun der schoulescher Offer vun der ENAD eng Introduktioun ze kréien.
D’Formatioun ass op Lëtzebuergesch mee Jonker déi franséisch schwätze sinn och wëllkomm!

Umeldungen sinn op bis den
28/03/2023

Zilgrupp

All Jonken tëschent 16 an 30 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Datum an Zäit

04.04.2023 - 04.04.2023
09:30 - 15:00

Dauer

0.5 Dag

Standuert

ENAD
17, rue Marguerite de Brabant L-1254 Luxembourg
Zentrum

Typ Formatioun

Bannen
Mat Mëttegiessen

Sprooch

Englesch
Franséisch
Lëtzebuergesch