Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Let’s talk about Sex LGBTQIA+ : Geschlechtlech a sexuell Diversitéit

Let’s talk about Sex LGBTQIA+ : Geschlechtlech a sexuell Diversitéit

Print
Let’s talk about Sex LGBTQIA+ : Geschlechtlech a sexuell Diversitéit

Beschreiwung vun der Formatioun

An der Formatioun LGBTQIA+ : Geschlechtlech a sexuell Diversitéit, hält d’ Elsa vum Centre Cigale moies en interaktive Workshop, bei dem Themen rondrëm Geschlechtsidentitéiten, Kierpergeschlechter a sexuell an emotional Orientéierungen erkläert an diskutéiert ginn. Du kanns dech austauschen, Froen stellen oder dech einfach informéieren loossen. An der Mëttegstonn iesse mir all zesummen, a maachen duerno eng Visite an de Centre CIGALE an der Stad (Centre des communautés lesbiennes, gays, bisexuelles, trans’, intersexes, queer+). Do gëtt et nach weider interessant Material ze entdecken, vun Bicher iwwer Spiller, a mir maache gemeinsam den Ofschloss vum Dag. Mir freeën eis op flott Momenter zesummen!

De Workshop “Let’s Talk about Sex” besteet aus 4 eenzele Formatiounen iwwer divers Themen zur Sexualitéit. Du kanns un allen Formatiounen deelhuelen, oder och just un eenzelnen déi dech interesséieren:
• Gefiller an sexuell Gesondheet
• Sexuell iwwerdrobar Infektiounen (IST)
• LGBTQIA+: Geschlechtlech a sexuell Diversitéit
• Sex & digital Welt

Bass du dorun interesséiert, dech an engem geschützte Raum iwwer déi Themen ze informéieren, an dech mat ExpertInnen vum Terrain an anere Jugendlechen auszetauschen? Alles leeft ënnert dem Motto “What happens in Vegas, stays in Vegas”, dat heescht jiddereen zielt sou vill wéi e wëll, wichteg ass eis, datt’ s du dech wuel fills!

Umeldungen sinn op bis den
30/01/2024

Zilgrupp

All Jonken tëschent 16 an 30 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten
Perséinlech Entwécklung

Datum an Zäit

06.02.2024 - 06.02.2024
08:30 - 15:00

Dauer

1 Dag

Standuert

Maison de l’Orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Lëtzebuerg
Zentrum

Typ Formatioun

Bannen
Mat Mëttegiessen
Ouni Iwwernuechtung

Sprooch

Lëtzebuergesch