This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.

Beschreiwung vun der Formatioun
Du wëlls un engem innovative Projet deelhuelen? Nei Technike léieren an duerch ee fräiwëllegt Engagement un denge Fäegkeete schaffen?
Am Schëfflenger Jugendhaus kanns du um Projet Zukunftsdiplom (ZD) deelhuelen. Den ZD ass ee participative Projet fir Jonker tëschent 16 an 30 Joer wou d ‘Weiderentwécklung vun de Liewenskompetenzen am Fokus steet.
De Weekend vum 19. an 20. November 2022 maache mir eisen eegene Film!
Wärend de ganze Weekend kriss du d ‘Méiglechkeet e Film ze produzéieren!
Vun der Iddi, iwwer Storyboard schreiwen, Zeene preparéieren, filmen etc bis zum Film schneide kanns du dech aktiv abréngen. Hei ginn ënnerschiddlech Kompetenze gebrauch.
Wann s du schonn ëmmer emol esou e Projet ausprobéiere wollts, da mell dech un!
Natierlech gëss du vu Fachpersonal begleet an ënnerstëtzt dëse Weekend!
Weider Infoen fënns du op www.schefflenger-jugendhaus.lu
Umeldungen sinn op bis den
13/04/2023
Zilgrupp
Jonker tëschent 16 an 26 Joer
Domaine vun der Formatioun
Datum an Zäit
10:00 - 18:00
Dauer
Standuert
10, Avenue de la libération
L-3850 Schifflange