This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.

Beschreiwung vun der Formatioun
En Accident ass schnell geschitt: Doheem, op der Aarbecht oder op der Strooss. Heiansdo sinn et just kleng Verletzungen an du wäerts léieren déi richteg ze behandelen.
Mee munchmol ass d’Situatioun méi seriö oder souguer liewensgeféierlech. Dank dem 1. Hëllef Cours wäerts du an der Lag sinn:
• eng Situatioun richteg anzeschätzen,
• wien fir Hëllef froen,
• wat s du maache kanns bis di Hëllef op der Plaz ass.
Déi éischt Persoun op der Plaz ass e wichtegt Glidd an der Rettungsketten. Wann si richteg handelt erhéijen sech d’Iwwerliewenschancë vun der verletzter Persoun.
Du wäerts di richteg Geste léieren wat maache wann eng Persoun um erstécken ass, wéi een reaniméiert, wéi een en Defibrillator benotzt an nach vill aner nëtzlech Techniken!
Duerch praktesch Übunge léiers du d’Geste gutt ze beherrsche fir am Noutfall richteg handelen ze kënnen.
Jidderee kann 1. Hëllef Geste léieren. Jiddereen ass e potentielle Retter!
Zéck net, huel un der Formatioun Deel!
Den Zertifikat ass 5 Joer laang gëlteg.
Umeldungen sinn op bis den
03/11/2023
Zilgrupp
All Jonken tëschent 16 an 30 Joer
Domaine vun der Formatioun
Formateur(en)
Datum an Zäit
08:30 - 17:00
J2 : 08h30-17h00
Dauer
Standuert
40, bld Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg