This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.

Beschreiwung vun der Formatioun
Ekippegeescht, Kommunikatioun a professionell Haltung sinn den A an O vun all Job. Unhand vun der Aarbecht am HORECA Secteur weise mir dir wéis du däi Liewe selwer an d’Hand huelen an deng eege Projete realiséiere kanns an dat mat dem néidege Courage a Selbstvertrauen.
Iwwer ee Weekend vun 3 Deeg brénge mir dech dengem Potential méi no a Stäerken unhand vu flotten Team Building Aktivitéiten, ënnerschiddleche Coaching-Methoden an enger innovativer Denkweis däi Selbstvertrauen.
Den 1. Dag gëss du fir de Mëtteg Service an engem vun den 13 Restaurante vum Grupp Concept & Partners agesat. Däin Asaz gëtt dir net nëmmen eng Erfarung am HORECA Beräich mee mir notzen et och fir zesummen an der Grupp déi 3 Haaptsujete vun der Formatioun, Ekippegeescht, Kommunikatioun a professionell Haltung ze thematiséieren.
Mir wëssen a weisen dir datt mat enger „can-do“ Attitüde alles méiglech ass!
Umeldungen sinn op bis den
08/04/2024
Zilgrupp
All Jonken tëschent 18 a 25 Joer, déi:
– hir nei Talenter entdecken wellen
– Virwëlzeg sinn an gaeren d’Beruffer vun der restauratioun kennen léieren wellen
– All hier Zielen errechen wellen
– Léieren wellen hir meenung auszedrécken
Domaine vun der Formatioun
Formateur(en)
Datum an Zäit
11:00 - 17:00
Départ J2 : 17h00
2 Iwwernuechtungen
Dauer
Standuert
Rue de Keispelt
L-7411 Marienthal