Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Een Abléck an d’Restauratioun: eng Chance fir mäi Liewen 22.04.2023-24.04.2023

Een Abléck an d’Restauratioun: eng Chance fir mäi Liewen 22.04.2023-24.04.2023

Print
Een Abléck an d’Restauratioun: eng Chance fir mäi Liewen 22.04.2023-24.04.2023

Beschreiwung vun der Formatioun

Du wëlls däi Liewe selwer an d’Hand huelen, deng eege Projete realiséieren, an dat mat deem néidege Courage a Selbstvertrauen?
Iwwer ee Weekend vun 3 Deeg brénge mir dech dengem Potential méi no an stäerken unhand vu flotten Team Building Aktivitéiten, ënnerschiddleche Coaching-Methoden an enger innovativer Denkweis däi Selbstvertrauen.
Den 1. Dag gëss du fir de Mëtteg Service an engem vun den 13 Restaurante vum Grupp Concept & Partners agesat. Däin Asaz gëtt dir net nëmmen eng Erfahrung am HORECA Beräich mais mir notzen et och fir zesummen an der Grupp déi 3 Haaptsujete vun der Formatioun ze thematiséieren: travail en équipe, d’Kommunikatioun an déi professionell Haltung.
Mir wëssen a weisen dir datt mat enger „can-do“ Attitude alles méiglech ass!

Umeldungen sinn op bis den
17/04/2023

Zilgrupp

All Jonken tëschent 18 a 25 Joer, déi Ënnerstëtzung an hirer Orientatioun brauchen an déi virwëlzeg sinn, d’Beruffer aus dem HORECA Secteur kennenzeléieren.

Domaine vun der Formatioun

Berufflech Praxis
Perséinlech Entwécklung

Datum an Zäit

22.04.2023 - 24.04.2023
11:00 - 17:00

Dauer

3 Deeg

Standuert

Centre de jeunesse du Marienthal
Rue de Keispelt
L-7411 Marienthal
Marienthal

Typ Formatioun

Bannen
Baussen
Mat Iwwernuechtung
Mat Mëttegiessen

Sprooch

Lëtzebuergesch