Hey !
  • Agenda
  • Cours de 1er secours – Éischt Hëllefs Cours 19.04.2023 + 26.04.2023

Cours de 1er secours – Éischt Hëllefs Cours 19.04.2023 + 26.04.2023

Print
Cours de 1er secours – Éischt Hëllefs Cours 19.04.2023 + 26.04.2023

Beschreiwung vun der Formatioun

Am Alldag geschéie vill Accidenter: Doheem, op der Aarbecht oder op der Strooss. Heiansdo sinn et just kleng Bobo’en an du wäerts léieren déi richteg ze behandelen.
Mee munchmol ass d’Situatioun méi seriö oder souguer schlëmm. Am 1. Hëllef Cours léiers du:

• eng Situatioun richteg anzeschätzen,
• wien fir Hëllef froen,
• wat’s du maache kanns bis di Hëllef op der Plaz ass.
Déi éischt Persoun op der Plaz ass e wichteg Glidd an der Rettungsketten. Wann hie richteg handelt erhéijen sech d’Iwwerliewenschancë vun der verletzter Persoun.
Du wäerts di richteg Gestë léieren: wat maache wann eng Persoun um erstécken ass, wéi reaniméiert een, wéi benotzt een een Defibrillator an nach vill méi!
Duerch praktesch Übunge léiers du d’Gestë gutt ze beherrsche fir am Noutfall richteg handelen ze kënnen.
Jidderee kann 1. Hëllef Gestë léieren. Jiddereen ass e potentielle Retter!
Zeck net, schreif dech an d’Formatioun an!
Den Zertifikat ass 5 Joer laang gëlteg.

Umeldungen sinn op bis den
12/04/2023

Zilgrupp

All Jonken tëschent 16 an 30 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Formateur(en)

Ensch Valérie

Datum an Zäit

19.04.2023 - 26.04.2023
08:30 - 17:00

Dauer

2 Deeg

Standuert

Forum Geesseknäppchen - Sall 9
40, boulevard Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg
Zentrum

Typ Formatioun

Bannen
Mat Mëttegiessen

Sprooch

Lëtzebuergesch