Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !
  • Agenda
  • Aktivitéit Trekking an Klammen – Weekend 2 vum Zukunftsdiplom 13.05.2023+14.05.2023

Aktivitéit Trekking an Klammen – Weekend 2 vum Zukunftsdiplom 13.05.2023+14.05.2023

Print
Aktivitéit Trekking an Klammen – Weekend 2 vum Zukunftsdiplom 13.05.2023+14.05.2023

Beschreiwung vun der Formatioun

Du wëlls un engem innovative Projet deelhuelen? Nei Technike léieren an duerch ee fräiwëllegt Engagement un denge Fäegkeete schaffen?
Dann ass den Projet “Zukunftsdiplom (ZD)” vum Schëfflenger Jugendhaus genau dat richtegt fir dech. Den ZD ass ee partizipative Projet fir Jonker tëschent 16 an 30 Joer, bei deem d ‘Weiderentwécklung vun denge Liewenskompetenzen am Fokus steet an dir d’Méiglechkeet gëtt däin CV opzewäerten.
De Weekend vum 13. a 14. Mee gi mir zesumme Klammen!
Während dem ganze Weekend kanns du nei Erfahrungen am Beräich Trekking a Klamme sammelen oder deng Technik verbesseren.
Erlief 2 flott Deeg an der Natur mat Kollegen a mat vill Spaass um Programm. Natierlech gëss du vu Fachpersonal begleet an ënnerstëtzt dëse Weekend!
Wann s du schonn ëmmer emol esou e Projet ausprobéiere wolls, da mell dech un!
Weider Infoen fënns du op http://www.schefflenger-jugendhaus.lu

 

 

 

Umeldungen sinn op bis den
04/05/2023

Zilgrupp

Jonker tëschent 16 an 26 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Formateur(en)

Datum an Zäit

13.05.2023 - 14.05.2023
10:00 - 18:00

Dauer

2 Deeg

Standuert

Schëfflenger Jugendhaus
10 Av. de la libération
L- 3850 Schifflange
Süden

Typ Formatioun

Bannen
Baussen
Mat Iwwernuechtung
Mat Mëttegiessen

Sprooch

Lëtzebuergesch