Hey !
  • Agenda
  • 1er secours 10.12.2021+16.12.2021

1er secours 10.12.2021+16.12.2021

Print
1er secours 10.12.2021+16.12.2021

Beschreiwung vun der Formatioun

Am Alldag geschéie vill Accidenter: Doheem, op der Aarbecht oder op der Strooss. Heiansdo sinn et just kleng Bobo’en an du wäerts léieren déi richteg ze behandelen. Mee munchmol ass d’Situatioun méi seriö oder souguer schlëmm.

Am 1. Hëllef Cours léiers du:

  • eng Situatioun richteg anzeschätzen
  • wien fir Hëllef froen
  • wat’s du maache kanns bis di Hëllef op der Plaz ass.

Déi éischt Persoun op der Plaz ass e wichteg Glidd an der Rettungsketten. Wann hie richteg handelt erhéijen sech d’Iwwerliewenschancë vun der verletzter Persoun. Du wäerts di richteg Gestë léieren: wat maache wann eng Persoun um erstécken ass, wéi reaniméiert een, wéi benotzt een een Defibrillator an nach vill méi! Duerch praktesch Übunge léiers du d’Gestë gutt ze beherrsche fir am Noutfall richteg handelen ze kënnen.
Jidderee kann 1. Hëllef Gestë léieren. Jiddereen ass e potentielle Retter!
Zeck net, schreif dech an d’Formatioun an!

Umeldungen sinn op bis den
18/11/2021

Zilgrupp

All Jonken vun 15-30 Joer

Domaine vun der Formatioun

Liewensfäegkeeten

Formateur(en)

Ensch Valérie

Datum an Zäit

10.12.2021 - 16.12.2021
08:00 - 16:30
10.12.2021 : 08:00-16:30

16.12.2021: 08:00-16:30

Dauer

1 Dag

Standuert

Forum Geesseknäppchen
40, boulevard Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg
Lëtzebuerg
Zentrum

Typ Formatioun

Bannen
Mat Mëttegiessen