
Beschreiwung vum Event
Eng iwwerzeegend Bewerbungsunterlage ass de éischte Schrëtt zu engem neie Job oder enger Ausbildungsplaz. An dësem Workshop kriss du praktesch Tipps an direkt Feedback, fir däi CV an däi Motivatiounsbréif professionell ze gestalten oder ze verbesseren. Egal ob’s du schonn eng Bewerbungsmap hues oder nach ganz um Ufank stees – mir ënnerstëtzen dech dobäi.
Inhalter vum Workshop:
✔ CV: Wéi soll en opgebaut sinn, a wéi kanns du deng Stäerkten kloer duerstellen?
✔ Motivatiounsbréif: Wéi formuléiers du iwwerzeegend, firwat’s du dech fir eng Plaz interesséiers?
✔ E-Mail-Bewerbung: Wéi schreift een eng professionell E-Mail mat der richteger Struktur a Formuléierung?
📌 Matbréngen: Falls du schonn en CV oder e Motivatiounsbréif hues, bréng en mat. Falls net, geet och eng Lëscht mat dengen Erfarungen, Kenntnisser a Interessen.
Wichteg Informatioun: Wiel am Umeldungsformulaire eng Zäit aus déi dir am beschten passt. Den Workshop dauert pro Grupp maximal 2 Stonnen. Den definitiven Horaire gëtt dir per Email konfirméiert.
Bei Froen kanns du dech gären bei der lokaler Antenn vum SNJ Diddeleng melden – antenne.dudelange@snj.lu
Umeldungen sinn op bis den
23/04/2025
Datum an Zäit
14:00 - 20:00
Standuert
11, avenue Grande-Duchess Charlotte
L-3441 Dudelange