This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Atelieren
Op dräi Platzen am Land kanns du entdecke wat Upcycling ass a verschidden Technike fir mat diversen Materialien ze schaffe kenne léieren. Du kanns deng kreativ Säit entdecken an erliefs flott Momenter an engem frëndleche Kader.
Dobäi gëss du vun enger sozio-edukativer Equipe an vun Experten am Handwierk begleet. Zesummen, bereeden mir dech ideal drop vir, déi nächst Etapp an dengem Liewen ze plangen an se dann och ëmzesetzen. Esou kanns du dech och optimal preparéiere vir vun den aneren Offere vum SNJ ze profitéieren (Formatiounen, Fräiwëllegendéngscht, Stagen).
Bei eis kanns du séier an onkomplizéiert aktiv ginn!
DEN ATELIER an der Stad Lëtzebuerg
Am Atelier an der Stad gëtt vill mat Holz geschafft. Gréisser Miwwelen gi renovéiert an ausgebessert oder kleng Käerzestänner oder Vasen aus Holzreschter hiergestallt.
Och hei kanns du mat Nol, Fuedem a Bitzmaschinn verschidde Bitztechnike kenne léieren an aus gebrauchte Stoffer Kleeder, Poschen, Petzieen oder soss Objeten zesumme schneideren.
27b, boulevard Grande-Duchesse Charlotte
L-1331 Lëtzebuerg
Den Atelier zu Esch/Uelzecht
Den Atelier zu Esch stellt dir déi verschidden Techniken vun den arts plastiques (Molerei, mam Leem schaffen) vir, duerch déi s du deng perséinlech Kreatioune maache kanns. Ganz am Sënn vum Upcycling benotzen mer nohalteg Produiten an recycléiert Material aus deenen s du deng eegen Kreatiounen maache kanns déi dann entweder verkaf oder op publiken Eventer ausgestallt ginn.
47, rue de l'Alzette
L-4011 Esch/Alzette
Den Atelier zu Colmer-Bierg
Um Colmer-Bierg hues du d Méiglechkeet an enger professioneller Kichen déi verschiddenst Platen a Liewensmëttel ze entdecken an dës fir eng gréisser Grupp ze kachen. Dobäi léiers du op wéi eng Hygiens- a Sécherheetsmoossnamen ee beim Kache oppassen muss.
Hei kanns du awer och mat Nol, Fuedem a Bitzmaschinn verschidde Bitztechnike kenne léieren an aus gebrauchte Stoffer Kleeder, Poschen, Petzien oder soss Objeten zesumme schneideren.
Du kanns awer och aner Upcyclingprojeten verwierklechen.
12a, Cité Morisacker
L-7735 Colmer-Bierg